​​​​

Du wëlls Jugendpompjee ginn ?

 ​​



                      • ​​​​​​​​​         Du bass:

    •          … tëscht 6 an 16 Joer al?
  •          … motivéiert an enger flotter Equipe vill nei Saachen ze léieren?
  •          … wëlls weider berufflech Chancen am Liewen hunn?​







Firwat mir stinn? Jugendpompjee ze sinn, bedeit fir ee Jugendlechen, dat en kann zesumme mat senge Kollegen seng Fräizäit verbréngen, an dobäi och nach Wichteges vir d'Liewen ze léieren. Bei eis gëtt vill Wäert op den Zesummenhalt an der Grupp, Respekt an Teamaarbecht geluecht.


Wat maache mir?  Niewent dem Kenneléiere vum Pompjeeswiesen an allem wat domat verbonnen ass, maache mir awer och Sport, sief et Schwammmeeschterschaften, Crossen, asw.Des weideren huele mir reegelméisseg un Evenementer wéi Rallyen an Wëssenstester deel.


Wéi kontaktéiert een eis?  Wann s du elo virwëtzeg gi bass, dann mell dech op der Email: jugendpompjeeen.moutfort@gmail.com, a mir deelen Dir den nächsten Datum vun eiser Jugendübung mat.


Wéini sinn e​is Übungen?  Eis Übungen ginn all 3 Wochen ofgehalen.


Mir freeën eis op dech.

Jugendpomjeeën CIS Moutfort



Weider Informatioune iwwert Jugendpompjeeën zu Lëtzebuerg fënns du op: www.jugendpompjeeen.lu


​​



Non
Non