World City 2019
Am Kader vum Plan Communal Intégration invitéieren d'Maisons Relaisen vu Schengen, Munneref, Stadtbriedemes, Duelem, Réimech, Gréivemacher a Waldbriedemes op den World City 2019
Et geet drem Summeraktivitéiten op der Musel nohalteg an eenzegaarteg ze gestalten an ze erliewen, dëst mat engem inklusiven a kooperative Gedanken.
World City ass fir all Kanner aus dem Miselerland a fënnt vu Méindes bis Freides
vum 15. bis den 26. Juli 2019
vun 09.00 bis 19.00
an der Gemeng Schengen statt.
(Bréicherwee - Remerschen)
Hop on Hop off zéie mir vu Kontinent zu Kontinent a maache Statioun am World City Parlament - bei de Maori - begéine Léiwen - a machen all Grenzen op